Suivez-nous sur

Avis de décès Dr. Joseph Mersch


D’Oeuvre pour la Protection de la Vie Naissante huet di traureg Flicht, den Doud vun hirem laangjährege President, dem

Dr Joseph Mersch

matzedeelen.

Vun 1987 bis 2011 huet hien d’Geschécker vun eiser Vereenegung mat vill Asaz, Empathie a grousser Fachkompetenz als Gynäkolog am Déngscht vun de Mammen a vun de Kanner virun an no der Gebuert geleet. Säin onermiddlechen Engagement fir d’Recht op Liewen, säi ganz perséinleche Bäistand fir Fraen a Familljen an Nout an alle problematische Situatiounen war seng Liewensaufgab. Säin déiwe Glawen huet him dobäi gehollef.

Dëst Beispill huet seng Equipe a seng Nofolger motivéiert, dankbar a sengem Sënn weiderzeschaffen.

Der Famill drécke mir eist opriichtegt Bäileed aus.

D’Oktavmass vun der Vie Naissante gëtt fir de léiwe Verstuerwenen de 5. Mee um 9.30 Auer an der Kathedral gefeiert.