Suivez-nous sur

Bréif un d’Deputéiert


aux honorables Député/es

Madame, Monsieur,

D’Proposition de révision 8379 gesäit vir, e „Recht op Ofdreiwung“ an der Verfassung ze verankeren. Dat ass fir d’Vie Naissante a sécher  fir vill Leit hei am Land inakzeptabel.

D’Verfassung ass net do fir eenzel Gesetzer „ofzesécheren“. Da misst jo eng Panoplie vun anere gesellschaftlech relevante Suergen Verfassungsrang kréien. D‘Constitutioun definéiert de Funktionement vum Staat an déi tatsächlech Grondrechter, déi am Aklang sti mat de grousse Mënscherechtserklärungen, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet.

Dozou gehéiert d’Grondrecht op Liewen, an net d’Recht, Liewen ze eliminéieren.

De Rechtsbegrëff géif hei staark strapazéiert ginn.

D’Verfassung ass d’Fundament vun eisem politesche System, am Déngscht vum Rechtsstaat a vum gesellschaftlechen Zesummenhalt. Wa méiglech soll all Bierger sech kënnen an deem Text erëmfannen. – Vun der Bevëlkerung aus gëtt et awer keng signifikativ Bewegung, déi déi geplangte Revisioun fuerdert, wéi den eklatanten Echec vun der Petitioun Nr. 3096 et dokumentéiert (558 Ennerschrëften). Par contre wiere ganz vill Leit widder de Kapp gestouss oder frustréiert, well se net gefrot goufen.

Keng vun den zwou Regierungsparteien hat dëse Punkt am Walprogramm! Och wann et institutionnell méiglech ass, wier et ondemokratesch, esou eng gravéierend Verfassungsännerung nach an deser Legislatur virzehuelen.

D’Proposition de révision 8379 ass emsou manner verständlech wéi zu Lëtzebuerg de facto zënter 1978 stroffräi an den éischten 12 Woche vun der Schwangerschaft däerf ofgedriwwe ginn,  zënter 2014 ouni Indikatioun.

An eisem detailléierten Avis gi mir op d’Konsequenzen an d’Risike vun enger Constitutionnaliséierung vun der Ofdreiwung  an, a bieden Iech, am Interesse vun den nach net gebuerene Mënschen, vu ville betraffene Fraen, a vun eisen demokrateschen Institutiounen drop ze verzichten.

Merci am viraus!

Mat beschte Gréiss,

André Grosbusch                                          Marie-Josée Frank

President                                                           Vizepräsidentin

3.9.2025